En ultrakomplette Schutz fir Är Gesondheet COMPLETE HEALTH
COMPLETE HEALTH

COMPLETE HEALTH

Mat der integraler Krankeversécherung COMPLETE HEALTH, déi och verfügbar ass, wann Dir net bei der obligatorescher Krankekeess ugemellt sidd, profitéiert Dir vun deene beschte medezinesche Leeschtunge bei Ären ambulanten oder stationäre Behandlungen a bei Behandlungen un den Zänn oder den Aen, och bei alternativen Traitementer.

Profitéiert och vu medezinesch recommandéierte preventive Leeschtungen, wéi z. B. professionellt Botze vun den Zänn (Prophylaxie).

Virdeeler

Brëller a Kontaktlënsen

Fir Ären neie Brëll oder och esouguer Är Kontaktlënse kritt Dir all zwee Joer bis zu 700 € rembourséiert.
Alternativ ginn och bis zu 3.000 € fir eng Laseroperatioun un den Aen iwwerholl.

Héichwäerteg Behandlungen un den Zänn

Bei de Käschte vun Zännprotheesen,  Krounen, Inlays a kiferorthopedesch Traitementer kënnt Dir op héich Remboursementer zielen. 

Ambulant Behandlungen

Dës Versécherung deckt ënner anerem medezinesch Leeschtungen, awer och d’Kinesitherapie an alternativ Behandlungsmethoden of. Och d’Leeschtunge vun Hiewane sinn am Katalog vun de Leeschtungen enthalen.

Spidolsopenthalt an der 1. Klass

Iwwerholl gi stationär Behandlunge genee ewéi d’Käschte vum Transport an d’Spidol. Am Spidol gitt Dir als Patient an der 1. Klass vum Chefdokter behandelt an Dir kritt eng Dagesindemnitéit fir de Spidolsopenthalt.

Direkthëllef bei enger schwéierer Erkrankung

Mat der Garantie BEST CARE+ kritt Dir am Noutfall bannent 5 Schaffdeeg e Rendez-vous bei engem Spezialist, eng detailléiert Recommandatioun oder en zweeten Avis. A wann eng Operatioun néideg sollt sinn, gëtt de Rendez-vous fir Iech organiséiert.

Optimale Schutz am Ausland

D’Garantie TRAVEL+ ass automatesch an Ärem Kontrakt abegraff. Dir sidd op Äre Reesen an Europa an op der ganzer Welt verséchert. Am Fall vun engem Accident oder enger Krankheet ginn d’Behandlungskäschten am Ausland iwwerholl.

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

COMPLETE HEALTH

Méi dozou...

Frot de Remboursement vun Äre Gesondheetskäschte mat e puer Klicken un

 

Mat der mobiller Applikatioun easyAPP an dem Clientsberäich easyAPP Home kënnt Dir: de Remboursement vun Ären Dokteschkäschten ufroen, Är Devise fir Behandlunge beim Zänndokter areechen oder d’Prise en charge vun Ärem Spidolsopenthalt op eng einfach a séier Manéier ufroen.

 

Entdeckt LALUX easyAPP

Setzt Är Bäiträg vun de Steieren of

 

Dir kënnt d’Primme vun Ärer Krankeversécherung vun de Steieren ofsetzen (nom Artikel 111 L.I.R) an esou manner Akommessteier bezuelen. De Betrag, deen Dir ofsetze kënnt, steet all Joer op Ärem Steiercertificat, deen DKV Luxembourg Iech um Ufank vun all Joer gratis zur Verfügung stellt.

 

Entdeckt all Steiererspuernesser